Bénévolat

 

Mir sichen Mataarbechter!

Wann Iech d'Lous vun de Kanner an der Drëtter Welt net egal ass,...

wann Dir Iech gäeren am Numm vun de Kanner engagéieren wëllt,...

wann Dir gäeren fir hir Problemer an Uleies sensibiliséiere wëllt,...

       ... da sidd Dir eis Fra resp. eise Mann.

Mellt Iech bei engem Member vun eisem Comité oder an eisem Sekretariat.

Mir ginn Iech gäeren weider Informatiounen, wéi Dir Iech fir d'Kanner a Latäinamerika engagéiere kënnt.

Mir freeën eis iwwer all Mathëllef.