Règlement Grand-Ducal sur la Protection des Données

Léif Donateuren,

well Dir zu den Ënnerstetzer vun NPNP gehéiert, hu mir Äere Numm an Äer Adress gespeichert. Mer garantéieren Iech, datt des Donnéeën an enger protegéierter Datebase gehal ginn. Mir notzen se nëmmen, fir Iech eise "PNP Aktuell" an aner wichteg Informatiounen iwwert eis Aarbecht a Latäinamerika ze schëcken.

Dir kënnt eis all Moment kontaktéieren a froen, wat fir eng Donnéeë mir hunn, fir se ze verbesseren oder fir se ganz ze läschen. De Lëtzebuerger Cercle des ONG analyséiert des nei Direktive, a wa sech nach aner Konsequenzen doraus erginn, dat gitt Dir selbstverständlich direkt vun eis informéiert. Nach eng Kéier Merci fi Äer wäertvoll Hëllef.

De Conseil d'administration vun NPNP

Laisser un commentaire